WORMER-SCOUTEN

Wormer Scouten

Aktuell

Fotogallerie

Reservierungen

Login

Startseite Impressum Kontakt Links

Mir sin Wuermer AvEx


Alterskategorie/ âge:

11-14 Joer

Versammlungszäiten/Horaire des réunions:

Emmer Samstes vun 15:30 bis 17:00 Auer
Tous les samedis de 15:30 jusqu‘à 17:00 heures

Info:

D’Wuermer AvEx sin aktuell zu 23 AvEx an zu 7 Cheffen.
Eis Versammlungen sin eemol d’Woch.
An eise Versammlunge bidde mir de Jugendlechen e flotte Mix aus Spiller, Bastelaktivitéiten an Atelieren, wou se spilleresch nei Saachen léiere sollen. Op där enger Säit weise mir hinnen traditionell Scoutstechniken wei den Ëmgang mat Kaart an Kompass, kachen um Feier an Camping am Allgemengen. Allerdéngs geet et eis och drëm datt d’AvEx duerch d’Scouten nei Frëndschafte schléissen, souwuel am Grupp wei och op nationaler an internationaler Basis. A schlussendlech geet et eis virun allem dorem datt d’AvEx sech ameséieren.
Eis Aktiviteiten iwwer d’Joer sinn de Montéesweekend, deen ëmmer zum Ufank vum Scoutsjoer stattfënnt, e puer Weekender a Sortien iwwer d’Joer verdeelt, eisen traditionelle Päischtcamp mat eiser Partnergrupp vun Dornstetten (D) a schlussendlech eisen Summercamp, deen ëmmer am Juli stattfënnt.

Méi Infoen fannt der och op http://lgs.lu/AvEx


Kontakt:
E-Mail: avex (at) wormer-scouten.lu


!! (at) = @ !!
Das Symbol @ wird durch (at) ersetzt, um lästige Spam-Mails zu verhindern